Wëllkraider Apero

🌿 Wëllkräider entdecken – sammelen – genéissen

Am Fréijoer a Summer wuessen an eise Gäert, Bëscher a Wisen eng Villfalt u Wëllkraider a Wëllgeméis – an am Hierscht eng Abberzuel vu wëlle Friichten.

Wat fir vill Gaardenbesëtzer als Onkraut gëllt, ass fir déi aner eng richteg Delikatess aus der Natur.

Wousst dir, datt sech Wëllkraider an der Kichen op villfälteg Aart a Weis verschaffe loossen? Zum Beispill als wierzege Pesto, Dip, Smoothie, Quiche oder awer als feinst Delikatessen an Esseg oder Ueleg ageluecht.

Nieft hirem aussergewéinleche Goût si vill Wëllkraider och räich u Vitaminnen, Mineralstoffer a bioaktive Planzenstoffer – e richtege Schatz direkt virun eiser Dier.

🌸 Kommt mat op eng spannend Wëllkräiderféierung a loosst Iech iwwerraschen! Ziel ass et, e puer flott Stonnen ze verbréngen, Neies ze léieren an Inspiratioun fir den Alldag mat heem ze huelen.

📅 Detailer:

Sprooch:  Lëtzebuergesch

Zielgrupp: Erwuessener (Hënn kënne leider net matgoen)

Wéini?   Samschdes, den  9. Mee 2026 🕐 9h00 – 13h00

📍 Treffpunkt:

Domaine Viticole Max-Lahr et Fils

6, rue des Vignes
4, rue de Niederdonven
L-5401 Ahn

 

🌸 Wat erwaart Iech?

Op dëser Féierung vun 4 Stonnen (dovunner je no Wieder 1-2 Stonnen am Fräien) entdecke mir zesummen d’Welt vun de wëlle Planzen direkt virun eiser Dier.

Dir léiert:
• wéi een iessbar Wëllkräider sécher erkennt
• wéi een se nohalteg a respektvoll sammelt
• wéi een se zu klengen Apéro-Delikatesse verschafft
• a natierlech och, wéi gutt d’Natur schmaache kann.

Zesumme bereede mir kleng Spezialitéiten aus frësch gesammelte Planzen zou a genéissen se mat engem gudde Pättchen.

Dir kritt:
• eng Kopie vun de Rezepter
• fir all gesammelt Planz e klenge Planzenportrait, fir se och duerno sécher erëmzeerkennen.

Wat mir genau entdecken a preparéieren, entscheet d’Natur – an dat mécht aus all Féierung een  eenzegaartegt Erliefnis. 🌾

Wat sollt Dir matbréngen?

  • Freed un der Natur 🌿
  • Dem Wieder an der Aktivitéit ugepasste Kleedung (Schong/Stiwwele, Sonnen- oder Reenschutz, eppes fir ze drénken…)
  • 1 Schéier✂️
  • Gaardenhändschen 🧤